Mittwoch, 16. Mai 2007

Astrid Lulling VB 060 Juncker, Letzebuergesch, POST

1 Kommentar:

Lulling Astrid hat gesagt…

A senger Ried iwwer d'Lag vun der Natioun vum 9 Mee 2007 huet eise Premier Jean-Claude Juncker ë.a. Folgendes iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch gesot:

"Fir d'Integratioun iwwer den tëschemënschleche Wee méi einfach ze maachen, dat heescht iwwer de Wee vun der Sprooch, wäert den Aarbechtsminister iwwer de Wee vun engem Gesetz ee Lëtzebuergesch-Congé aféieren dee jiddferengem et erlabe soll
während 80 Stonne vun der Aarbecht fräigestallt ze gi fir Lëtzebuergesch ze léieren.

D'duebel Nationalitéit, ee Projet vun extremer gesellschaftspolitescher
Wichtegkeet, wäert d'Integratioun méi komplett maachen. Si kënnt ouni genügend Lëtzebuergesch-Kenntnisser net aus."

Dat fannen ech wierklech eng immens gutt Saach, an ech hoffen, datt se dat Gesetz sou séier
wéi méiglech duerchgesat kréien. Duerch sou ee "Lëtzebuergesch-Congé"
dierften_ an Zukunft nämlech ëmmer méi Leit sou lëtzebuergesch Course besiche goen, an hoffentlech dann och bis zum
Schluss duerchzéien, well enger rezenter Studie no, briechen z.B. eleng um Centre de langues 30% vun de Schüler
hire Lëtzebuergesch Cours fréizäiteg of, wat jo awer wierklech Schued ass.

Bei allem Enthousiasmus bleift mer awer trotzdeem eng Fro: wee soll déi Lëtzebuergesch Coursen dann iwwerhaapt halen?

Meeschtens sinn et Chargé-de-coursen déi dës Lëtzebuergesch Coursen halen op diverse Plazen, z.B. an Owescourse fir Gemengen,
dacks Autodidakten, déi keng "Formation des formateurs" konnte matmaachen, well et ganz einfach bis dato keng gouf.

Dës Chargé-de-course sinn dann am Grad E1, E2, E3, beschtefalls E3ter agestufft, jeenodeems wat fir Studie se grad gemaach hunn
a meeschtens och just mat engem CDD, also engem Contrat à durée déterminée.

Fir den Enseignement vum Lëtzebuergeschen elo méi ze professionaliséieren, froen ech mech, ob mer net einfach sollen eng
Karriär als Lëtzebuergesch Professer aféieren, déi dann och genee wéi déi aner Sproocheproffen am Secondaire zu Lëtzebuerg an de Grad E7
zougelooss géife ginn, selbstverständlech eréischt nodeems se hire Stage pédagogique bestan hunn.

Och an eise Primärschoulen an am Secondaire kéinten esou Lëtzebuergesch Professeren agesat ginn, amplaz
datt just de Schoulmeeschter, d'Joffer, oder den Däitschproff_ sech an e puer wéinege Stonnen ëm eist Lëtzebuergesch këmmeren, sou wéi dat bis ëlo ëmmer de Fall war.

D'Kreatioun vun enger Karriär als Lëtzebuergesch Proff hätt also net nëmme positiv Säite fir d'Lëtzebuergescht als Friemsprooch,
mä och fir déi jonk Lëtzebuerger selwer, déi sou an eise Schoulen an de Genoss vun enger méi eng pousséierter Formatioun iwwer hir Mammesprooch kéinte kommen.

Dëse Virschlo gëllt net als Kritik un dem Här Juncker senger exzellenter Propositioun mam Lëtzebuergesch-Congé,
mä soll einfach dozou bäidroen, datt dee ganze Projet e Succès gëtt.

www.astridlulling.lu